Opruff 2019

Léif Frënn vun Lëdeleng,

Et feelen eis Matarbechter, wéi Komiteesmemberen oder Beaarbechter fir all eis Sammlungen ze klasséieren, ze ënnersichen an auszewäerten.

Duerfir dësen Opruff. Mellt iech fir ze hëllefen eis „Dokumentation locale“ weider ze féieren. Zum Beispill sollten all eis Fotoen op de Computer gespäichert ginn an och d’Nimm vun de Persounen opgeschriwwe ginn.

Merci awer och allen, déi elo an och an Zukunft duerch eng finanziell oder aner Bedeelegung eis Aktivitéit erméiglecht hunn. Dozou gehéiere besonnesch eis Gemengeverwaltung, eis Por an eis Lokalveräiner.

Am viraus freeën mir eis wann heiduerch deen een oder anere gewëllt wier mat unzepaken.

Raymond Kauffmann, President