Viru Kuerzem gouf de „Sproochmates“ mam Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch geéiert. Op dëser Werkschau-Soirée gëtt e Bléck op dat linguistescht a literarescht Schafe vum Alain Atten geheit.
Musikaleschen Encadrement:
Nadine Diedenhofen – Saxofon
Claude Kauffmann – Trombonn
Emmanuelle Seiwerath – Cello
Organiséiert vun der ASBL Cercle Culturel & Historique de Leudelange
an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch